D'Chorale Ste Cécile a.s.b.l.

ass e gemëschte Chouer dee kierchlech a weltlech optrëtt

D' Jeannine Mohr-Koenig: Eis nei Dirigentin

Den Här Jean Wagner deen eis leider am März 2019 no schwéirer Krankheet verloos huet.      Merci Jhang fir all déi schéi musikalesch Momenter a fir deng Frëndschaft

De Marc Schmidt: Organist a Pianist

D' Chorale Ste Cécile ass 1929  als Männerchouer gegrënnt ginn fir am Joer 1965 ee gemëschte Chouer ze ginn. Deemools huet nach eng Chorale fir jonk Meedercher bestan, a wéi déi 1965 opgehal huet, as si an de Männerchouer integréiert ginn. Dat Joër hat de Veräin 55 aktiv Memberen. Haut zielt de Veräin 23 aktiv Memberen. Als Dirigenten hunn ënner aneren hei gewierkt: den Här Schmidt Gustave (1958-1979), den Här Schumacher Jean (1979-1987), den Här Reitz Francis (1987-1997), den Här Camy Marc (1997-1999), den Här Thill Jean (1999-2002), d'Madame Sylvie Serra-Jacobs (2002-2005), d'Madame Danielle Kohll (2005-2012), den Här Thomas Raoult (2012-2014) den Här Jean Wagner vun 2014-2019

Säit Juni 2019 ass d' Jeannine Mohr-Koenig nei Dirigentin 

Pianist an Organist ass de Marc Schmidt.

 De kulturellen Impakt ass ganz bedéitend, doduerch, dass d'Chorale Concerten opféiert, souwuel weltlech wéi och geeschtlech, doduerch, dass si all Joer Theater spillt, an dat schon zënter iwwer 50 Joer, ower och doduerch, dass si ëmmer derbäi ass bei offizielle Fester a Manifestatiounen.





Mir prouwen all Donneschden vun 19:30-21:30 Auer um 2. Stack am Home paroissial vis à vis vun der Kierch zu Stroossen

24.2.2017
Unterstützt von Webnode
Erstellen Sie Ihre Webseite gratis! Diese Website wurde mit Webnode erstellt. Erstellen Sie Ihre eigene Seite noch heute kostenfrei! Los geht´s