Kannerchorale
Hueflachspatzen
Prouf : Freides vun 16:15 - 17:15 fir déi Kleng
Freides vun 17:15-18:15 fir déi Grouss
Répétition chaque Vendredi de 16:15-17:15 pour les petits
Vendredi de 17:15-18:15 pour les grands
1993 ass de Kannerchouer " Hueflachspatzen "gegrënnt ginn.
D' Josée Thillmany wor während 10 Joer Dirigentin vum Chouer an de Marc Schmidt Pianist .
Säit 2003 steet de Chouer ënner der Leedung vum Caroline Medernach. Säit 2008 ass de Jeff Schmidt Pianist.
Niewent villen Optrëtter zu Stroossen an och auswärts hunn d' Hueflachspatzen a Colaboratioun mat Luxemburg-Entspannt-Production 5 CD produzéiert.
De Chouer zielt haut ronn 35 Kanner am Alter vu 6 bis 16 Joer.
Geprouft gett Freides vun 16:15- 17:15 fir déi Kleng a vun 17:15-18:15 fir déi Grouss am Poarheem vis à vis vun der Kierch um 2.Stack.
Fir all Renseignementer :
C.Medernach 661 492 495 / email : caromed11@gmail.com